Star Wars Episode 9 kann eventuell am Weltall gedréint ginn! – Nerdcake

Am Moment dréint sech an der Filmwelt ganz vill em Star Wars… d’Episode 7 ass grad mol virun iwwert engem Mount an den Kinoen ugelaf, an an dësem Moment ginn och schonn lei lescht Szenen vum “Star Wars: Rogue One” gedréit an Dréiaarbechten vun der Episode 8 wäerten och geschwënn ufänken… Do gëtt natierlech massiv iwwert d’Fortsetzungen spekuléiert…

En Statement vum Colin Trevorrow, deen Regie vun der Episode 9 wäert feieren, suergt fir grouss Spekulatiounen. Sou schleist hien net aus, dass verschidden Szenen am Weltall kennen gedréint ginn. Den Trevorrow well fir d’Episode 9 d’IMAX-Technologie benotzen, mat deier beispillsweis den Dokumentarfilm Space Station 3D am Weltall gedréit ginn ass. Den Christopher Nolan, den Regisseur deen een vun der Batman-Rei an Interstellar kennt, hält dat souguer vir ganz wahrscheinlech. Deen huet déi Technik och schonn vir Interstellar benotzt.

Et bleift also spannend wat nach fir Iwwerraschungen an den neien Star Wars Filmer kennen optauchen.

(Bild: Disney (Lucasfilm) / Source : chip.de & filmstarts.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 627

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(