“Brave” – Neien Browser deen op Schnellegkeet an Privatsphär setzt – Nerdcake

Den Brendan Eich, deen och als Erfinder vun JavaScript oder als eemolegen Direkter vun Mozilla bekannt dierft sinn, huet en neien Browser entwéckelt deen op Schnellegkeet an Privatsphär setzt. Säin Browser besetzt en Adblocker an en Anti-Tracking Tool, woumatter een lästeg Werbung an onerwënschten Funktiounen aus dem Wee kann goen.

Senger Meenung no bedrohen grouss Werbungsindutrien déi fräi Internetwelt andeems se privat Daten vun den Benotzer ausliesen, ouni den Wellen vum Notzer ze berücksichtegen. Brave soll dat änneren, net nëmmen dass den Browser d’Werbung ennerbennt, nee den Brendan geet nach vill méi wäit. Hien ersetzt lästeg Werbung duerch Werbung déi net lästeg ass an déi keng Daten iwwert d’Benotzer sammelt. Hien gräift dobäi op schonn existent Filterlëschten zréck. Am Ënnerscheet zu Adblock Plus well hien keng Werbung duerch Bezuelen fräischalten. Hien wéilt nëmmen Werbung ubiddenen, déi seng Benotzer schützten an deenen hier Wënsch respektéieren. Sou kann d’Werbung och komplett ausgeschalt ginn, wann den Benotzer dat sou well. Den Prinzip ass awer net nei. Aner Browser an Adblocker setzen schonn op deen uewen genannten Prinzip vun toleréierter Werbung . Brave dierft et awer an den offiziellen Appstores schwéier kréien… wei aner Adblocker an Anti-Tracking Browser kéint Brave och séier aus den Stores erausgeholl ginn…

Adblockgeigner, also virun allem d’Werbungsindustrie, behaapten, dass Adblocker en Krich géifen feieren. Den Eich kontert an seet dass d’Werbungsindustrie selwer en Krich feiert. Se géifen d’Benotzer ausbeuten an géint hiren Wellen ganz déif an deenen hier Privatsphär dréngen. Ausserdeem hätt lästeg Werbung och nach den Nodeel d’Vitess während dem Säitenopbau vun enger Homepage ze steieren.

Brave kann een fir iOS, Android, OS X, Mircrosoft an Linux eroflueden an ass och komplett gratis.

Hei och nach en klengen Video, deen d’Schnellegkeet am direkten Verglach zum Safari Browser um iOS ënnersträicht.

(Bild: cdn.arstechnica.net / Source: zeit.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Opriff 436

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(