D’ Beta vun Overwatch geet haut weider – Nerdcake

YZ4w2eyBlizzard Entertainment huet annoncéiert dass hiren Shooter “Overwatch” den fir ca. zwee Méint d Beta zougemaach huet dass d Betaphase elo erëm weider geet. D Entwéckler bei Blizzard soen si hunn déi Zäit gebraucht fir virun allem um Fortschrëttsystem ze schaffen.

 

Nei an der Beta wäerten sinn:

  • En Fortschrëttsystem
  • Zwou nei Maps
  • E puer Ännerungen bei der Balance
  • En Update fir privat Matcher (dorënner zum Beispill och KI-Matcher)

Op Blizzard direkt wäert villen Leit zeugreff ginn haut (dënn 09. Februar) ass onwahrscheinlech, Mais wann dir iech fir d Beta umellen wëllt kennt dir dat op dëser Säit maachen.

 

Mir hunn schonn säit der éischter Beta zeugreff an mir wäerten iech déi nächst Wochen iwwer Videoen zu Overwatch bréngen an iech déi nei Update esou wei d Spill emol weisen. Haalt d Aen also op!

 

Mir wënschen vill Spaass beim Testen an Zocken!

Verëffentlecht vum Minfrax
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 611

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(