D’4k-BlueRay kéint et ganz schwéier kréien – Nerdcake

Eigentlech hätt den 4k-BlueRay Standard sollten fir Enn 2015, also fir d’Kreschtzait, starten.
Dorausser ass awer naicht ginn. Elo wärt 4k-Blueray dann viraussiichtlech am Mäerz starten mee den aktuellen Streaming Hype kéint en Strech duerch d’Rechnung maachen. 4k-Televisiounen verkafen sech am Moment zimlech gutt an dofir wëllen d’Besëtzer och Filmer am 4k-Format kucken. Leider leisst d’4k-BlueRay bëssen op sech waarden an sou sichen d’Besëtzer natierlech Alternativen.

Online Servicer wei Netflix an Amazon Prime bidden schonn verschidden Filmer am 4k-Format un an weider Plattformen wëllen den 4k-Format demnächst och ubidden. Am Moment sinn déi Servicer déi eenzeg Méiglechkeet 4k-Filmer ze kucken.

Streaming ass am Moment extrem beléift bei den Zuschauer, well een ganz bequem seng Liiblingsfilmer an Liibingsserien vun doheem aus kucken kann. Et erstellt een sech säin Abo ganz no sengen eegenen Wënsch zesummen an et spuert een vill Plaatz well een keng DVD/BlueRays méi muss stapelen. Ausserdeem kann een déi Filmer och nach an richteg gudder Qualitéit kucken wann een eng schnell Internetverbindung huet. D’Haaptargument fir Streaming ass virun allem den Präis. Den nei Generatiounen vun BlueRay-Player wäerten am am Ufank extrem deier sinn, sou dass een sech d’Fro stellt firwat een sech dann en neien an deieren Player keeft, wann een ganz praktesch an gënschteg iwwert d’Smart-Televisiounen oder Konsolen streamen kann.

Een Argument fir d’4k-BlueRay wier natierlech den Fakt eppes Handfestes ze besetzen wat déi ganz Saach fir Sammler an Nostalgiker interessant mëscht. Kuerz oder laang gesinn kéinten sech Online-Formater (Streaming, Downloads) awer komplett duerchsetzen, well se schonn zum Beispill am Gaming Beräich Standard sinn. Dëst Phänomen schéint och elo op d’Televisiouns- an Film iwwer ze gräifen. Anescht ass et an der Musekwelt, wou eng Aart Réckbesënnung entstanen ass. Et ginn rëm méi CD’en an Vinyl-Placken kaf well d’Leit et méi attraktiv fannen eppes ze besetzen an well et och desingmeisseg méi schéin ass.

Et bleift also spannend an et kann een gespaant sinn wei sech Online-Servicer respektiv klassesch Datenmedien entwéckelen wäerten.

(Bild: gulli.com / Source: gulli.com)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Opriff 398

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(