Datum fir den Film “Bourne 5” mam Matt Daemon bekannt! – Nerdcake

Den Matt Daemon hat jo net am 4. Bourne Film matgespillt, an bekannterweis kennt hien am 5. Deel rëm an schlüpft rëm an d’Roll vum Jason Bourne. Am Moment ass den Film nach titellos an dofir gëtt en am Moment just “Bourne 5” genannt. Dat kéint sech nächst Woch während dem Superbowl änneren.

Am Fong sollt déi Noriicht net un d’Ëffentlechkeet kommen an dofir ass se och rëm geläscht ginn, mee et kinnt awer keen besseren Zäitpunkt ginn, wei während dem Superbowl. Fir déi, déi den Trailer wëllen gesinn, kennen dann an der Nuecht vum 07. op den 08. Februar d’Final vum Superbowl aschalten. Wei gesot ass d’Wahrscheinlechkeet deen Moment am gréissten!

Den Film selwer soll den 11. August 2016 an eisen Kinoen starten, also nach bëssen méi laang wei en halleft Joer. Op den Jeremy Renner och rëm dobäi ass, ass nach net gewosst. Hien hat jo d’Haaptroll iwwerholl nodeems den Matt Dämon am 4. Deel net dobäi war. Et ass awer net wierklech wahrscheinlech dass hien zréck kennt, well hien och net sou gutt bei den Zuschauer ukomm ass.

(Bild: http://media2.kino.de / Source: kino.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 424

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(