Den Film Everest kennt des Woch op DVD & Blueray raus! – Nerdcake

Dëss Woch kennt den Film “Everest” endlech op Blueray & DVD eraus. Et war een vun mengen perséinlechen Favoriten, vun deenen Filmer, déi am Joer 2016  an den Kinoen gelaf sinn.

Den Film baséiert um Bestseller-Dokumentarroman “In eisige Höhen“ vum Jon Krakauer (Piper Verlag). Den John Krakeuer huet deen Roman no réellen Fakten geschriwen, déi 1996 während enger Expéditioun geschitt sinn. Bedeelegt waren d’Biergkloterer Scott Fischer an Rob Hall, déi déi Expéditioun deemols geleet hun.

Den Film handelt vun e puer Biergkloterer, déi sech 1996 op eng kontroverse Expeditioun beginn. Gefouert gëtt déi Expeditioun vum Scott Fischer (Jake Gyllenhaal) an vum Rob Hall (Jason Clarke). Den Opstiig ass schonn net ganz einfach, mee deen Ofstig entwéckelt sech zu enger Katastroph well et taucht awer en Stuerm op, deen déi Biergkloterer ënnerschätzen an schnell ass hinnen kloer, dass se deenen Konditiounen net gewuess sinn…

Desen Abenteurfilm huet eng Topstory, mat gudden Schauspiller an vollgepaack mat Action. Domadder ass desen Film opjidenfall en Muss! Ech kann dësen Film wieklech nëmmen wei weiderempfehlen!


Hei sin nach emol déi zwee offiziel Trailer vum Film:
Trailer 1:

Trailer 2:

(Bild: amazon.com)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Review
Opriff 452

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(