Desktop PC’s an Notebooks verkafen sech 2015 rëm méi schlecht wei 2014 – Nerdcake

Den Ofwäertstrend vun den PC’s an Notebooks geet am Joer 2015 rëm weider. Et schéint als wier keen Enn un Siicht… Am Joer 2015 ass den PC-Verkaf an Europa rëm em een Fënneftel agebrach. Nëmmen een Hiersteller konnt sech duerchsetzen an säin erfollegräichen Trend fortsetzen.

Wann een den Marché analyséiert, sou ass deen vun 93,1 op 76,3 Milliounen Ofgang, also em 18 Prozent. Domadder ass den Réckgang vum europäeschen Marché bal duebel sou grouss wei deen vum weltwäiten Marché (-10,4 Prozent).

Economisten an Maartfuerscher sinn sech eenz, dass dat staarkt Joer 2014 dofir verantwortlech ass. 2014 hunn vill User en néien Computer/Notebook kaf op Grond vun der Tatsaach dass den Support vun Windows XP ofgelaf ass an d’User wollten sech en sécheren an aktuellen Computer kafen wou dann Windows 8/8.1 drop installéiert war. Deen Trend kann een virun allem bei Business-Computer gesinn. Dat huet dozou gefouert dass d’Nofro 2015 rëm erofgaang ass. En weideren Grond kéint den enttäuschenden Windows 10 gewiescht sinn, deen d’User ofgeschreckt huet nei Computeren mat Windows 10 ze kafen.

Am Ranking vun den Topverkeefer an Europa steet HP mat 23,7 % Maartundeel op der éischter Platz. Duerno kommen Lenovo (19,3 %), Asus (10,7%), Dell (10,1%) an Acer (8,7%). Deen eenzegen Hiersteller deen en Plus konnt am Joer 2015 um europäeschen Maart verrechnen war Asus. Mat engem Plus vun 2,7 % un verkaaften Computer konnt Asus seng Konkurrenten  Acer an Dell iwwerhuelen an ass elo op der drëtter Positioun.

(Bild: greatschools.org / Source: heise.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 404

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(