D’Comicverfilmung vun “Kingsman: The Secret Service” huet 414 Milliounen Dollar erabruecht, wat dozou gefouert huet, dass een eng Fortsetzung wéilt dréien. Den zweeten Deel wäert viraussiichtlech den 22. Juni 2017 an eisen Kinoen starten. Den Taron Ergerton wäert och rëm an d’Roll vum Geheimagent Gary ‘Eggsy’ Unwin schlüpfen an fir d’Geheimorganisatioun “Kingsman” ënnerwee sinn. Op den Matthew Vaughn och rëm Regie feiert, ass nach net gewosst.
Eng aner erfreelech Noriicht ass, dass et zu engem Bad Boys 3 wäert kommen, dat huet den Will Smith bestätegt. Hien wäert Regie feieren awer och rëm als Schauspiller an d’Haaptroll schlüpfen. Ausserdeem verréit hien, dass säin alen Buddy Martin Lawrence och rëm dobäi ass. Sie hätten sech 2 Joer net gesinn, an bei engem Treffen ass hinnen direkt bewosst ginn, eng Fortsetzung ze plangen. Et kann een sech also op eng Fortsetzung vum Kultfilm aus den 90’er freeën!
(Biller: Kingsman – 20 Century Fox & Bad Boys – Sony & Columbia)
Kommentaren
Nach keng Kommentaren :(