D’lëtzebuerger Police an SecurityMadeInLu warnen virun aggressiver Ransomeware! – Nerdcake

D’lëtzebuerger Police an SecurityMadeInLu hunn eng Warnung verëffentlecht, an deier een virun der aktueller Cyber Attack warnt. Des Methode nennt een Ransomeware oder “data kiddnapping”. Ausser der Police an SecurityMadeInLu warnen och nach d’Post an d’CFL virun der aktueller Menace, déi grad Lëtzebuerg heem sicht.

Bei ransomeware handelt sech em eng Zort Malware (Schuedsoftware), déi den Computer, Smartphone oder Tablet ugräift an dësen dann komplett blockéiert an verschlësselt, sou dass een naicht méi mam System ufänken kann an perséinlech Daten sinn dann och blockéiert. Et taucht eng Meldung op, an deier een opgefuerdert gëtt, eng bestëmmten Zomm op en Bankkonto ze iwwerweisen, dann géif d’System dann entschlësselt ginn…

D’Bezuelen ass awer leider keng Garantie… et ginn User, déi beriichten, dass hiert System effektiv entschlësselt ginn wier. Anerer beriichten, dass hiert System nach ëmmer blockéiert an verschlësselt wier. Ausserdeem ginn déi Suen op dubiéis Konten iwwerwisen, sou dass een selwer op eng Lescht vun potenziellen Verbriecher kennt.

Eis Tipps:

  • Gitt nëmmen op Säiten, déi dir 100 % kennt an dreift iech den op dubiéisen Säiten op!
  • Wann dir Emailen opmaacht, klickt net op verdächteg Links an maacht och keng verdächteg Anhäng op!
  • Vertraut net nëmmen ären Antivirenprogrammer, well villes wei ransomeware gëtt oft net vun deenen Programmer erkannt!

Fir méi Informatiounen kennt dir op den Site vun Bee-Secure goen, do kritt dir nach weider Infos an Tipps, wei dir iech schützen kennt.
Falls dir Affer vun sou enger Attack sidd, mellt iech bei Bee-Secure (Tél.: 8002 1234) oder bei der Police.

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 461

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(