EA Access ass gratis dës Woch! – Nerdcake

Verschidden Offeren vun EA verpasst an den leschten Joeren? Dann hues du elo Gléck. Den Xbox One-only subscription service, EA Access ass gratis dës Woch. – vum 19.-24. Januar. Et soll een Accès op méi wéi 14 verschidden Spiller aus den leschten Joer hunn.. Soulaang een Xbox Live Gold Member ass, kritt een Accès zu den folgenden Spiller:

  • Dragon Age: Inquisition
  • Battlefield Hardline
  • Battlefield 4
  • EA Sports UFC
  • Plants vs. Zombies Garden Warfare
  • Peggle 2
  • Titanfall
  • Need for Speed Rivals
  • FIFA 15
  • NBA Live 15
  • NHL 15
  • Madden NFL 15
  • FIFA 14
  • Madden NFL 25 (2014)

A part dovunner, wann een elo een EA Spill des Woch digital well kafen, dann huet een och Gléck, well alleng d’Unmëllung beim Service, gëtt engem 10% Rabatt. Den Service un sech kascht 4.59 € pro Mount oder 27.60 € pro Joer.

EA well also wierklech nei Clientèle un Land zéien, mat Hëllef vun exklusiven fréien 10 Teststonnen vun néien Spiller. Wéi zum Beispill Plants vs. Zombies Garden Warfare 2, Unravel, EA Sports UFC 2, Mirror’s Edge Catalyst sinn confirméiert fir beim Service EA Access ugebueden ze ginn.

 

 

Verëffentlecht vum Pete
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 420

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(