En Cracking-Team scheitert um “Just Cause 3”-Crack an zitt sech bis op weideres zereck! – Nerdcake

Den neien “Denuvo”-Kopeierschutz ass zimlech erfollegräich am Kampf géint illegal Softwarepiraterie an huet schonn e puer Sofwarepiraten zum verzweiwelen bruecht. Dëst huet dann elo och am Forum vun “3DM” fir Diskussiounen gesuergt…

3DM ass eent vun den gréissten Cracking-Teams (Community mat Forum) an huet sech missten géint den neien “Denuvo”-Kopeierschutz geschloen ginn, obwuel se den Denuvo-Kopeierschutz onbedéngt wollten knacken. Domadder net genuch! 3DM zeien hier Konsequenzen an hunn ugekënnegt, bis op weideres keng Single-Player Spiller méi ze knacken. Ereicht nächst Joer, also 2017, wéilten se rëm probéieren den Denuvo-Kopeierschutz ze knacken.

Den Denuvo-Kopeierschutz gett an der Videospillwelt ëmmer méi agesat an en schéint wierklech erfollegraich ze sinn wann schonn een vun deenen gréissten Cracking Teams opgëtt. Et ginn awer nach aner Softwarepiraten déi erfollegräich an der Sofwarepiraterie sinn. Op déi an Zukunft weiderhin erfollegräich sinn, steet nach an den Stären.

(Bild: denuvo software solutions / Source: giga.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Opriff 491

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(