Et gëtt en weideren Trailer vun der Divergent Fortsetzung “Allegiant: Die Bestimmung”! – Nerdcake

An e puer Wochen wäert d’Fortsetzung vun Divergent & Insurgent an eisen Kinoen starten. Elo ass en neien Trailer opgetaucht.


Niewent dem Shailene Woodley an dem James kommen och den Ansel Elgort, Miles Teller, d’Naomi Watts an d’Octavia Spencer am drëtten Film vun der „Divergent“-Reih zeréck.

Handlung:
Nodeems d’System, an deem d’Bierger a verschidden Fraktiounen agedeelt waren, vun der Heldin Tris (Shailene Woodley) gestierzt ginn ass, entstinn hannert dem Drot nei Konflikter. Et ginn souguer Gruppéierungen, déi dat aalt System rëm zréck wëllen hunn.

Tris an seng Frënn entdecken souluess d’Welt hannert dem Drot, déi awer leider och net vun Ligen an Verschwörungen verschount ass. Hat wäert sech genau wei an deenen eischten zwee Filmer, fir Fraiheet an Gerechtegkeet asetzen an dobei gett et vun sengen aalen Frënn ennerstetzt.


Hei kennt dir iech dann den Trailer ukucken:

(Bild: concorde-film / Video: youtube.com / Source: filmstarts.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 634

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(