Facebook App erlaabt elo dënn Zougrëff via TOR – Nerdcake

ZZPdzvlpK9r_Df9C3M7j1rNRi7hhHRvPhlklJ3lfi5jk86Jd1s0Y5wcQ1QgbVaAP5Q=w300Anonym ënnerwee op Facebook, vir vill Leit klengt dat zimlech komesch, virun allem well Facebook iwwert déi Lescht Joren wuel als groussen Datensammler betruecht gëtt. En Stagiär bei Facebook huet awer elo eppes méiglech gemaach, an zwar ënnerstëtzt déi offiziell Facebook App fir Android elo dënn Zougrëff iwwer TOR.

An den nächsten Deeg, esou Facebook soll dat ganzt un dënn Start goen. Ausserdeem erklärt sech Facebook dass dat ganzt méi als en Experiment unzekucken ass an dass dat ganzt nach kéint Fehler hunn oder onstabil lafen.

TOR ass eng Software déi et engem ermeiglecht anonym am World Wide Web ze surfen. Um PC ass dëst méiglech mam TOR Browser, op Android kennt d Orbot App zum Asaz.

Fir Facebook matt TOR benotzen ze kennen braucht dir déi offiziell Facebook App fir Android an zousätzlech nach Orbot App äus dem Playstore.

Mir hoffen dass Facebook méi sou Features aféiert, bäibehält an och ausbaut.

 

Source: Facebook Blog Biller: Facebook

Verëffentlecht vum Minfrax
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 426

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(