“Free-Basics” ass elo vun der indescher Regierung verbueden ginn! – Nerdcake

Wei mir schonn am Artikel vum 21. Januar bericht hunn, stoungen den Mark Zuckerberg an Facebook mat hirem Projet “Free-Basics” an der Kritik. Dei indesch Regierung huet den indeschen Provider dann elo och offiziell verbueden Free-Basics unzebidden.

Facebook an Free-Basics weisen sech extrem enttäuscht iwwert dat Urteel an hunn awer ugekënnegt, sech géint déi Reguléirung ze wieren. Et wéilt een schliisslech Milliounen vun Léit Zougang zum Internet an domadder Zougang zu Bildungs-, Gesondheets- an Job-Déngschter bidden.


Free Basics?
Free Basics ass d’Plattform vun der Initiativ Internet.org, déi vum Mark Zuckerberg an Facebook gegrënnt ginn ass. Ugebueden gëtt en ageschränkten Zougang zum Internet, ouni dofir mussen ze bezuelen, ganz nom Motto “Connecting the world”. Ageschränkt bedeit an dësem Fall, dass d’Initiativ bestëmmt, welch Säiten/Servicer aus dem Internet verfügbar sinn. Als Beispill kann een Facebook, Whatsapp, Wikipedia nennen.

Laut dem Zuckerberg kéinten eng Milliard Inder sou de Wee an den Internet fannen, wou se dann Zougang zu Bildung Kommunikatioun, Aarbechtsplazen sou wei Medezin an Verfleegung kéinten kréien. An Indien liewen nach ëmmer iwwert 100 Milliounen Mënschen ënnert der absoluter Aarmutsgrenz. Déi Mënschen hunn manner wei 1,90 Dollar den Daach vir ze liewen an se hunn och guer keng Méiglechkeet sech ze bilden oder en Job ze fannen. En éiwegen Däiwelskrees, deen duerch d’Initiativ kéint verlooss ginn. Facebook an d’Initiativ wëllen sech domadder fir d’Allgemengheet asetzen.

(Bild: argyllfreepress.com)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 520

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(