Free-to-play huet vill méi Erfolleg wei een nach virun puer Joer geduecht huet! – Nerdcake

Am Joer 2015 hunn d’Computer- an Konsolenspiller iwwert 80 Milliounen Dollar Ëmsatz gemaach, dat ass en Plus vun iwwert 8 % zu 2014. Virun allem In-Game Akeef hunn deen Wuesstem geprägt. Déi lescht Joeren ass ëmmer méi un engem Prinzip festgehal ginn, un deen keen gegleeft huet: “Free2Play”…

Bei Free-to-play handelt sech em een Geschäftsmodell, bei deem d’Computer- oder Konsolenspiller un sech gratis sinn. Nieft Werbung, ginn déi Spiller virun allem duerch käschtenpflichteg Premium-Funktiounen oder In-Game Akeef finanzéiert. Ëmmer méi Spillentwëckler setzen op deen Prinzip, well et virun allem ganz vill Léit ulackelt. Et huet een en duebelen Effekt. Engersäits steigert een den Akommes duerch Premium Funktiounen an duerch In-Game Akeef, anerersäits steigert een den Akommes deen duerch Werbung generéiert gëtt.

Laang Zäit huet keen un dat Geschäftsmodell gegleeft. D’Ëmsatzzuelen vun 2014 an 2015 beweisen, dass dat Geschäftsmodell trotzdem funktionéiert an dat souguer ganz gutt.

(Source: gulli.com)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 405

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(