Iwert en Keylogger-Stick huet den Schüler sech Zougang verschaf! – Nerdcake

Iwwert en Keylogger-Stick huet sech den Schüler, deen Préparatiounsfroen vum Ofschlossexamen an der Soziologie gelaked huet, Zougang zu sengem Proff sengem E-mail Account verschaaf!

Wei mir elo vun enger Quell bericht kritt hunn, huet sech den Schüler iwwert en Keylogger-Stick (Keygrabber), deen een fir 50 € am Internet bestellen kann, an sengem Proff säin E-mail Account gehackt.

Wat war geschitt?
En 13e’s Schüler vun enger Science Sociale huet sech illegal Zougang zu sengem Proff sengem E-Mail Account verschaf an
Préparatiounsfroen vum Soziologiesexamen geklaut an op sengem privaten Instagram Account geleaked.

Den Ministère huet direkt reagéiert an sämtlech Proffen drop opmierksam gemaach. D’Préparatiounsfroen sinn direkt ausgetosch ginn soudass et keng Ongerechtegkeet den Moien am Examen ginn ass.

Den Ministère huet och direkt iwwerpréift, wien dat dann gemaach huet, an huet séier erausfonnt wien den Schüler wier, well deen huet sech net ganz clever ugeluecht… Op sengem perséinlechen Instagram Account huet en déi Froen geleaked…

Den concernéierten Schüler huet seng Dot och mëttlerweil zouginn.

Den Lycée souwéi och den Proff hunn och direkt eng Plainte deposéiert. Elo iwwerpréift d’Schoul och nach, weieng disziplinaresch Konsequenzen dat ganzt fir den Schüler wäert hunn.

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 929

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(