Kino zu Lëtzebuerg – Top 25 Filmer 2015 – Nerdcake


Et kann een effektiv soen dass 2015  en grousst Filmjoer war. Nieft villen neien Filmer sinn awer och Comeback’en vun Klassiker gefeiert ginn. Wann een sou d’Top 25 oder Top 50 kuckt, gesäit een dass wierklech all Genre vertrueden war. Et war wierklech fir jiddereen eppes dobäi. Vun Comic-Verfilmungen wei Avengers oder Turtles, iwwert Kannerfilmer wei Minions, Action Filmer wei Fast and Furious 7 oder Mission Impossible, bis hin zu Fortsetzungen vun Filmklassiker wei Jurrassic Word oder Star Wars…

Den absoluten Highlight war natierlech am Dezember wei Star Wars: The Force Awakens ugelaf ass. Et war viraus ze gesinn dass d’Fortsetzung vun der Episode VI extrem vill Leit an den Kino lacken géif. Den Hype war schonn méintlaang ze spieren, wann een gesinn huet wei Disney am Summer schonn hier Merchandising Campagnen gestart huet. Et stoung och kloer vill um Spill, wann een bedenkt dat Star Wars gläich 40 Joer Jubiläum feiert. Obwuel Star Wars: The Force Awakens am Joer 2015 nëmmen 2 Wochen (ass jo ereicht den 16. Dezember ugelaf) am Kino war, huet deen Film deen gréissten Emsatz gemaach. Wann een bedenkt dass op der Plaatz 2 d’Minions stinn, an déi iwwert 3 Méint am Kino gelaf sinn an Star Wars während 2 Wochen méi Ëmsatz gemaach, huet dann ass dat extrem erstaunlech.

Hei ass dann d’Top 25-Lëscht aus den belsch/lëtzebuerger Kinoen:
(Remarque: D’lëtzebuerger Kinoen ginn gréisstendeels vun belsch Firmen verwalt, dofir sinn mir mat der Belsch an enger an der selwechter Kategorie an dofir sinn och verschidden reng belsch Produktiounen dobäi)

tabell
Fir dei ganz Toplescht kennen ze gesinn kennt dir op http://www.boxofficemojo.com/intl/belgium/yearly/ goen.

(Toplesch Tabell: boxofficemojo.com)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 450

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(