Kinostart fir Ip Man 3 mam Donnie Yen an Mike Tyson bekannt! – Nerdcake

Den 7. Abrëll 2016 wäert „Ip Man 3“ an eisen Géigenden am Kino starten. Et ass awer nach net sécher op déi lëtzebuerger Kinoen deen Film och wäerten weisen. Zum Gléck wäert den Verkaf vun der DVD an der Blu-ray net laang op sech waarden loossen. Kuckt iech den éischten däitschen Trailer un an deem een den Kampf tëschent der Kampfsport-Legend Ip (Donnie Yen) an dem tyranneschen Frank (Mike Tyson) gesäit.

Un d’Pensioun kann den Ip Man (Donnie Yen) nach net denken, well seng Staat rëm belagert an tyranniséiert gëtt: Den korrupten US-Bauträger Frank (Mike Tyson) interesséiert sech kaum em d’Bedierfnisser vun den Awunner an geet sengen Geschäfter mat eiserner Hand no. Elo well en d’Land un sech räissen, op dem d’Schoul vum Ip Man sengem Bouf steet. Dat kann den Wing-Chun-Meeschter net akzeptéieren an en feiert en Kampf fir d’Gerechtegkeet.

„Ip Man 3“ ass den finalen Kampf vum Meeschter, inszeniert vum Wilson Yip. Den Film wäert den 7. Abrëll 2016 an eisen Géigenden starten, befir d’Wierk, an deem och den Chan Kwok-Kwan als Bruce Lee matwierkt, schliisslech den 23. Mai op DVD an Blu-Ray opdaucht.

Trailer:

(Source & Bild: moviepilot.de)

 

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 1402

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(