Mark Zuckerberg weinst dem Projet “Free Basics” an der Kritik – Nerdcake

Den Grënner vun Facebook steet wéinst sengem Projet “Free-Basics” (Internet.org) an der Kritik. Him gëtt virgeworf d’Netzneutralitéit ze verletzen an souguer verschidden Fakten “verschéinert”, also gefälscht ze hunn.

Free Basics?
Free Basics ass d’Plattform vun der Initiativ Internet.org, déi vum Mark Zuckerberg an Facebook gegrennt ginn ass. Ugebueden gëtt en ageschränkten Zougang zum Internet, ouni dofir mussen ze bezuelen, ganz nom Motto “Connecting the world”. Ageschränkt bedeit an dësem Fall, dass d’Initiativ bestëmmt, welch Säiten/Servicer aus dem Internet verfügbar sinn. Als Beispill kann een Facebook, Whatsapp, Wikipedia nennen.

Laut dem Zuckerberg kéinten eng Milliard Inder sou de Wee an den Internet fannen, wou se dann Zougang zu Bildung Kommunikatioun, Aarbechtsplazen sou wei Medezin an Verfleegung kéinten kréien. An Indien liewen nach ëmmer iwwert 100 Milliounen Mënschen ënnert der absoluter Aarmutsgrenz. Déi Mënschen hunn manner wei 1,90 Dollar den Daach vir ze liewen an se hunn och guer keng Méiglechkeet sech ze bilden oder en Job ze fannen. En éiwegen Däiwelskrees, deen duerch d’Initiativ kéint verlooss ginn. Facebook an d’Initiativ wëllen sech domadder fir d’Allgemengheet asetzen.

D’Netzneutralitéit
Zu den Kritiker gehéieren Internet-Aktivisten, déi der Initiativ virwerfen d’Netzneutralitéit ze verletzen an deem se den Léit imposéieren  welch Säiten se besichen dierfen an domadder géifen d’Plattform virun allem an hirem eegenen Interessen handelen. Déi eegen Produkter/Servicer géifen domadder nach méi gepusht ginn.

Déi indesch Telekom-Opsicht “TRAI”, huet schonn Enn 2015 gefuerdert, dass déi Initiativ gestoppt soll ginn. Als Reaktioun huet Facebook en virgefäerdechten Facebook-Message circuléieren gelooss, deen d’Facebook Notzer sollen un TRAI verschécken. Domadder huet een eng Aart Opruff un TRAI gestart.
TRAI huet och déi Aktioun vun Facebook kritiséiert. Se werfen Facebook fir d’Leit mat deem Schreiwes manipuléiert ze hunn, well vill Notzer wéissten guer net em wat et genau géif goen. Oft wier deen Message verschéckt ginn, well d’Notzer eppes fir den gudden Zweck wollten maachen.

Manipulatioun?
Kritik kennt och vun Facebook Notzer, déi behaapten, se hätten deen Message net verschéckt oder souguer kloer ofgelehnt an trotzdem wier deen Message iwwert hiren Account verschéckt ginn. Och verschidden deaktivéiert Profiller hätten angeblech op der Lescht vun den Ënnerstëtzen gestanen. D’Initiative “Save the Internet” sammelt d’Fakten vun deenen Fäll, fir eventuell kennen rechtlech Schrëtt an ze leeden.

Bild: argyllfreepress.com / Source: heise.de

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 485

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(