Metal Gear Solid kritt Unreal Engine 4 Remake! – Nerdcake
 Kennt der dat Gefill wann een net richteg weess wat een well, a dann héiert een vun eppes, a mierkt dann op een Mol, dass dat dat ass, wat een schonn ëmmer wollt hunn? Wéi eng Nuttela’s Schmier? Genee dat ass d’Gefill wat mer haten, wéi mer héieren hu, dass Metal Gear Solid een Remake kritt mat Hëllef vun der Unreal Engine 4.

Den Titel heescht “Shadow Moses”, een Projet versprécht, dass den Spiller all era-definéiert klassesch Spillmomenter rëm eng Kéier opliewen léisst, awer dës Kéier mat néier next-gen Grafik. Den Trailer kuckt dir iech léiwer selwer un, well een siërf léiwer gekuckt, wei erklärt ginn, a wäert iech direkt rëm Appetit op den Haaptprotagonist Snake vun der Serie.

“The first objective of this project was to recreate just the Shadow Moses environments and make a “museum game” to those who wanted to explore the base with current technology. My surprise was that after a few weeks, everybody was talking about it! So many online magazines started writing articles and I received a lot of messages offering help and support. That’s the reason I decided to remake the entire game!” soot den Kréateur Airam Hernandez op der Facebook-Säit vum Spill..

Méi wéi 10.000 Léit hunn dem Hernandez’s säin Projet schonn op Facebook geliked mat engem Trailer den schonn een 40.000 Views huet – an een ass reicht säit den Sonndeg live.

A Representativen vun der Spillfirma “Konami” huet mat “No comment” geäntwert wéi d’Community gefrot huet wéi d’Positioun vun hir zum Projet wier.

Quell: Facebooksäit vun Shadow Moses

Verëffentlecht vum Pete
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 360

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(