Mozilla plangt gréisseren Ëmbau beim Firefox! – Nerdcake

2016 soll en grousst Joer fir den Firefox Browser ginn, dat huet Mozilla ugekënnegt. Et wéilt een rëm zu der Stäerkt aus vergaangenen Joeren kommen, nodeems een jorelaang dem Google Chrome ennerleen war.

An den leschten Joeren huet sech Mozilla vill Negatives punkto Firefox missten unhéieren: den Browser wier ze lues, d’Entwécklung géif ze lues virun goen an op nei Features misst een och extrem laang waarden. Un den Zuelen huet een schonn laang gesinn, dass den Google Chrome schonn eng Zäitchen méi beléift wei den Firefox war. Dat soll sech elo awer endlech änneren.

Domadder een seng User zefridden stellen kinnt, wieren elo eng gréisser Quantitéit un Ännerungen fälleg. Déi Ännerungen wäerten zwar och d’Optik betreffen, et wéilt een awer virun allem den Code mam Zill, den Browser mei schnell an mei stabil ze maachen, verbesseren.

Punkto Optik, plangt een, en separat Menü vir Synchronisatioun zu Verfügung ze stellen, woumatter d’User méi einfach kennen op oppen Tabs vun engem aneren Rechner zougräifen.

Ënnert der Hauf, well een endlech d’E10S-Technologie fäerdech stellen, mat deier all Websait säin eegenen Prozess kritt. Eng Funktioun déi et bei Google Chrome schonn gëtt. D’Ëmstellung op “E10S” bedeit awer och, dass Add-ons an aner Funktiounen mussen ugepasst ginn. Eng aner gréisser Ännerung betrëfft den Erweiderungsmenü, deen Plaatz fir den neien Standard “Webextensions” mëscht. D’Webextensions sinn vergläichbar mat den Add-ons vun Google Chrome. Déi Ännerung bedeit och hei erem gréisseren Opwand bei den Programméirer, mee villes war jo och schonn méi laang fälleg.

Déi Ännerungen sollen viraussiichtlech bei der Versioun 48, déi vir den August 2016 geplangt ass, aktivéiert ginn.


Kommentar vum Redakter:
Als treien Firefox-User weess ech net richteg wat ech dovun halen soll… Déi Ännerungen déi Mozilla do virgestallt huet, sinn am Fong naicht aussergewéinleches, mee am Fong Funktiounen déi schonn länger an der Entwécklung sinn, an virun allem sinn dat och Funktiounen déi et schonn beim Konkurrent Chrome ginn. Ech gesinn also fir en Chrome User net wierklech en Grond, op Firefox ze wiesselen, well déi Funktiounen och schonn beim Chrome einwandfräi lafen…

(Bild: mozilla / Source: chip.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 637

Kommentaren (1)

Hannerlooss en Kommentar

  • Chris
    27/02/2016 at 17:03
    Top!
    Reply