Neien Datum vum Fluch der Karibik 5 bekannt! – Nerdcake

Wei verschidden Plattformen schonn spekuléiert hunn, wärt den Datum vum neien Fluch der Karibik 5 (Pirates Of The Caribbean: Dead Men Tell No Tales) op den 25. Mee 2017 gesat ginn.

Eigentlech sollt jo Star Wars Episode 8 den 25. Mee 2017 an den Kinoen starten, mee nodeems Disney deen en halleft Joer méi spéid an d’Kinoen lafen léisst, ass deen Datum fräi gewiescht. Sou konnt Disney den Fluch der Karibik 5, deen jo eigentlech den 6. Juli an eisen Kinoen ulafen sollt, op den 25. Mee 2017 setzen. Sou kennt den Fluch der Karibik iwwert een Mount éischter eraus.

Obwuel den Filmstart nach een Joer wäit wech ass, sinn d’Dréiaarbechten schonn ofgeschloss. Déi haten jo bekannterweis am Februar 2015 an Australien ugefaangen. Bestätegt Schauspiller sinn bis elo den Johnny Depp, Geoffrey Rush an den Orlando Bloom déi an hier al Roll schlüpfen. D’Kiera Knightley hat jo schonn 2014 ofgelehnt… Nei dogéint sinn den Javier Bardem, Brenton Thwaites und Kaya Scodelario.

Iwwert d’Handlung ass den Moment gewosst, dass den jonken Henry Turner (Brenton Thwaites) op der sich no sengem Papp Will Turner (Orlando Bloom) ass, deen jo bekannterweis den neien Kapitän vun der “Flying Dutchman” ass nodeems hien den Davy Jones ëmbruecht huet.

Obwuel et bëssen schued ass, dass d’Kiara Knighley net an d’Roll vum Elizabeth Swann schlüpfen wäert, sou kann een sech awer op d’Fortsetzung vun der erfollegräicher Piratensaga freeën.

(Bild & Source: filmstarts.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 378

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(