Netflix späert demnächst Proxy & Unblocker Notzer aus – Nerdcake

Netflix_Web_Logo (1)De Streaming Déngscht Netflix well an Zukunft Leit déi en Unblocker oder en Proxy benotzen aussperren. De Grond heifir ass dass vill Leit déi Programmer asetzen fir sech Zougrëff ob Filmer an Serien ze beschafen op dei se normalerweis keen Zougrëff hunn.

Dëst huet meeschtens mat dënn regionalen Aschränkungen ze din.

 

 

 

Am offiziellen Statement vun Netflix heescht et

Some members use proxies or “unblockers” to access titles available outside their territory.

 

Netflix set dass et weiderhin daueren wäert bis si hiert komplett Angebot global ausbauen kennen, de Grond dofir sinn dass Netflix dofir déi Global Rechter vun den Hollywoodfirmen brauch.

Weider am Statement heescht et dann nach

We look forward to offering all of our content everywhere and to consumers being able to enjoy all of Netflix without using a proxy. That’s the goal we will keep pushing towards.

 

Wann dir also Netflix iwwer en VPN oder en Proxy lafen loosst oder och eng Unblocker Software benotzt passt demnächst op.

 

 

Biller: Netflix / Source: Netflix Blog

Verëffentlecht vum Minfrax
Verëffentlecht
Opriff 510

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(