Niewend dem Scarlett Johansson wäert den Micheal Pitt an der Realverfilmung vum Manga “Ghost in the Shell” optauchen! – Nerdcake

Dass d’Scarlett Johansson als Cyborg Motoko Kusanagi an der Realverfilmung vum Anime/Manga “Ghost in the Shell” matspillt ass schonn méi laang gewosst. Elo ass awer bestätegt ginn, dass den Micheal Pitt (Boardwalk Empire, Hannibal) an d’Roll vum Béisen “The laughing Man” schlüpft.

D’Motoko Kusanagi ass en Cyborg an leed eng Spezialuniteit vun der Police, déi op der Juegt no geféierlechen Cyberterroristen sinn. Dem Motoko Kusanagi seng riets Hand ass den Batou, deen an der Realverfilmung vum Pilou Asbæk gespillt gëtt. Den Bakou ass en ëmmer schlecht gelaunten, awer ganz loyalen Partner vum Kusanagi.

Den laughing Man ass een vun Hass erfëllten Cyborg, deen nëmmen op Zerstéierung aus ass. Hien trëtt net an den Kinofilmer op, sou dass een dovun ausgoen kann, dass d’Story vun der Realverfilung iergendwou tëschent Fernsehserie “Ghost in the Shell: Stand Alone Complex” an dem Manga pendelt.

Den Kinofilm Ghost in the Shell aus dem Joer 1995 hat en extremen Erfolleg bei Anime- an Science Fiction Fans. Nieft 3 Kinofilmer, 2 Fernsehfilmer gëtt et en Anime (Stand Alone Complex) an eng Manga-Rei. Ganz interessant ze wëssen, ass och den Fakt, dass d’Wachowsky Geschwëster sech un Ghost in the Shell inspiréiert hunn fir hier Matrix-Trilogie ze verfilmen.

D’Realverfilmung soll viraussiichtlech den 31. Mäerz 2017 an eisen Kinoen starten.

(Bild: adultswim.com / Source: Moviepilot.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 468

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(