Opgepasst! Rem eng nei an gefeierlech Ransomeware am Emlaaf! – Nerdcake

An Däitschland ass am Moment eng extrem aggressiv Ransomeware, mam Numm “Locky”, am Emlaaf, dei sech mat enger extremer Vitesse weider verbreed. Ongeféier 5000 Computer ginn pro Stonn infizéiert an et besteet eng indirekten Gefor fir Lëtzebuerg.

D’Fraunhofer-Institut war déi éischt grouss Zilscheif an Daitschland an d’Ransomeware huet do eng Dosen Computer an Server befall. Welchen Schuet d’Locky-Trojaner uriichten kann, weist een Fall aus den USA, wou en Spidol 17.000 Dollar an Bitcoins un d’Erpresser ausbezuelt huet, fir d’Ransomeware lass ze ginn an rëm Accès op seng Systemer ze kréien.

D’Locky-Ransomeware verbreet sech per E-mail wou se an engem Excel-Fichier getarnt ass. Beim Excel-Fichier handelt sech em eng Aart Rechnung, wou dann awer am Hannergrond, den Virus ausgefouert gëtt. Nodeems d’Datei opgemaach ginn ass, verhält sech d’Bedrohung wei eng typesch Ransomeware: Perséinlech Dateien ginn verschlësselt an d’System gëtt bal onbrauchbar gemaach. Et erhält een nach en Message, an deem een dann opgefuerdert gëtt, en Zomm Suen un d’Erpresser ze iwwerweisen…

Sou schützt dir iech virun Locky:

  • Falls d’System nach net infizéiert ass, kann een sech mam Locky Blocker vun Malwarebytes virun enger Infektioun schützen.
  • Falls d’System schonn sollt befall sinn, roden mir iech un, aktuell Anti-Viren Software mat aktualiséierten Datebanken ze benotzen:
    – z.B: Kaspersky
    – oder d’gratis Alternativen: Avira AntiVir, AVG Antivitus, Avast Free Antivirus

(Bild: idigitaltimes.com / Source: chip.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 570

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(