Origin (EA) verschenkt Need for Speed: Most Wanted (PC)! – Nerdcake

EA verschenkt an senger Aktioun: “Auf’s Haus” d’Spill “Need for Speed: Most Wanted (2012)” fir den Computer. Wien dat Spill nach net besetzt, soll onbedéngt vun dëser Aktioun profitéieren!

Need for Speed: Most Wanted ass 2012 erauskomm an huet mat enger Top Grafik konnten iwwerzeegen. Am Spill geet et drëm der Police ze entkommen – wei, dat bleift dem Spiller iwwerlooss. Am Multiplayer-Modus kennt dir Online mat Frënn oder Onbekannten spillen an vun der aneren Klengegkeeten profitéieren.

Wei sou oft, ass des Aktioun vun Origin zäitlech limitéiert. Et ass net genau gewosst wei laang een d’Spill kann eroflueden (Et kann een awer vun e puer Deeg ausgoen). Wann een d’Spill emol mat sengem Origin Account verbonnen huet, kann een d’Spill awer illimitéiert benotzen. Viraussetzung fir d’Spill ass, dass een en Origin Account huet. Wann een keent huet, kann een nach ëmmer een maachen, mee wei gesot waart een net ze laang, well et weess een net wei laang déi Aktioun nach verfügbar ass.

Den Download an d’Registreierung kann een op folgendem Link maachen (Websäit vun Origin):
https://www.origin.com/en-be/store/free-games/on-the-house

(Bild: firemonkeys.com / Source: origin.com)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 333

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(