Paramount nennt Startdatumer fir Transformers 5, 6 an 7! – Nerdcake

An den nächsten Joeren wäerten d’Alien-Roboter rëm zréck an d’Kinoen kommen. Paramount huet direkt d’Startdatumer fir déi 3 Deeler festgeluecht. Fir den 5. Deel ginn et schonn puer Informatiounen. Fir Deel 6 an 7 ass nach net wierklech eppes gewosst.

Den Michael Bay ass och schonn fir den 5. Deel als Regisseur confirméiert. Op dat och sou fir Deel 5 an 6 ass, ass nach net gewosst. Jiddefalls stinn d’Datumer schonn fir déi 3 Deeler fest. Sou soll Transformers 5 den 23. Juni 2017 an den Kinoen starten. Den Mark Wahlberg ass och schonn als Schauspiller bestätegt. Transformers 6 soll den 8. Juni 2018 ulafen an den Transformers 7 soll viraussiichtlech den 28. Juni 2019 ulafen.

Eng aner Noricht ass, dass een niewend den Realfilmer och un engem Animatiounsfilm schafft, deen als Aart Spin-off fungéiert.

(Bild & Source: Paramount)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 376

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(