Raspberry 3 kennt mat integréiertem Wlan/Bluetooth an enger 64-bit Architektur! – Nerdcake

Den 26. Februar huet den Raspberry Pi 3 gréng Luucht kritt, fir kennen produzéiert ze ginn. Et wäert also net méi laang daueren bis den neien Raspberry Pi 3 – Model B erauskënnt. Schonn elo sinn d’Neierungen schonn bekannt!

Aus Testennerlagen ass gewosst, den Wlan mat den Standards 802.11b, g an n getest ginn ass. D’5-GHz-Band gëtt leider net genotzt, mee nemmen dat iwwerfëllten 2,4-GHz-Band. Punkto Bluetooth beherrscht den Raspberry Bluetooth 4.1 Low Energy alias BTLE. Architekturmeisseg wäert een elo den Raspberry elo 64-bit fäheg maachen. Ausser deenen genannten Funktiounen wäert sech den Raspberry 3, kaum vum Raspberry 2 ënnerscheeden.

Een Nodeel dierft awer och direkt schonn aliichten… en Gehäuse aus Metall wäert elo duerch Wlan/Bluetooth net wierklech méi a Fro kommen, well Metall bekannterweis Funkwellen steiert…

An der kommender Ausgab vun der offizieller Raspi-Zeitschreft “MagPi”, wäerten weider Details bekannt ginn.

(Bild: MagPi / Source: Reddit)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 509

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(