Release-Termin vun Heavy Rain-Remastered fir PS4 bekannt! – Nerdcake

Geschwënn wäert een den PS3-Bestseller Heavy Rain kennen op der Playstation 4 spillen, dat hun Quantic Dream, d’Entwéckler vun Heavy Rain, ugekënnegt. Et handelt sech em eng remastered HD-Editioun extra vir d’Playstation 4.

6 Joer ass et hier, dass Heavy Rain fir d’Playstation 3 erauskomm ass an zum Bestseller ginn ass. D’Spillwelt war absolut begeeschtert vum spannenden Krimi em den sougenannten Origami-Killer. Schonn leschten November huet den Hiersteller Quantic Dream ugekënnegt, dass et eng remastered HD Versioun fir d’Playstation 4 wäert ginn. Elo hunn se och nach en offiziellen Verkafsdatum presentéiert. Sou wäert d’Spill den 2. Mäerz dann an den Geschäfter an am Playstation Store zum Verkaf stoen. En Präis ass awer leider nach net bekannt.

(Bild: wikipedia / Source: Giga.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 393

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(