Remix OS – Android fir den Desktop PC – Nerdcake

Remix OS ass eng un den Desktop-PC ugepassten Android Versioun, dei et engem erméiglecht net nëmmen Android Apps, mee och en ganzt Android-Betribssystem um Computer lafen ze loossen ouni en Android-System mat extern Programmer mussen ze emuléiren. Et gëtt jo schonn eng Desktop Variant vun Android déi heescht Android_x86, awer guer net empfehlenswäert ass well se verbuggt ass an ganz vill Funktiounen wei Internet iwwer Ethernet guer net verfügbar sinn. Et ass een also gezwongen iwwer Wlan ze fueren.

Bei Remix OS ass dat allerdings net den Fall. Sämtlech Funktiounen wei Maus, Tastatur, Ethernet an Wlan sinn direkt verfügbar. Och extern Späichergeräter wei USB-Sticken ginn normalerweis erkannt. Als App-Manager oder Software-Manager setzt Remix OS op GooglePlay, also deen ënnert Android-Notzer bekannten App Store. Domadder kann een praktesch all App, déi een op sengem Smartphone oder Tablet benotzt, och um Computer benotzen. Interessant ass och, dass Remix OS op modernen Computeren extrem schnell ass well d’Android Betribssystem op x86-Architektur setzt. Domadder ass Remix OS och op deenen meeschten AMD- oder Intel-Prozessoren asazfäheg.

Punkto Desktop-Design gesait Remix OS, wei schonn virdrun kuerz erwähnt, wei eng Chrome OS- an Windows 10 Mëschung aus. Et kennt awer och eng Nout Mac OSX dobäi. Den Dateimanager erënnert bëssen un Mac OSX, d’Taskleescht mam Startbutton un Windows 10, an d’Auswiel vun den Apps un Chrome OS. Optesch gesäit et ganz chic aus ouni awer onneidesch Ressourcen ze verschwenden. Ganz interessant ass deen Punkt “Notifications” an den Astellungen. Android-User mat engem gerooten System dierften déi Funktioun kennen. Et handelt sech em eng Funktioun, déi d’Notifications vun sämtlechen Apps kann desaktivéieren.

Als negativen Punkt, kann een just den Fakt erwähnen, dass et net méiglech ass d’System parallel mat aner Betribssystemer op der selwechter Maschinn lafen ze loossen. Et huet een zwar en Guest-Mode, mat deem een d’Betribssystem iwwert den Aarbechtsspäicher lafen loossen kann, mee dann gin no all Neistart sämtlech Ännerungen verluer. Et hued een awer d’Méiglechkeet, Remix OS op en USB-Stick ze installéieren. Sou kann een säin aktuellt System bäibehalen an beim Systemstart einfach iwwert USB booten fir Remix OS ze starten. Remix OS 2.0 ass nach an der Alpha Versioun, domadder sollt gewosst sinn dass nach ëmmer Bugs an kritesch Systemfehler kennen optauchen an dofir ass Remix OS am Moment virun allem vir Entwéckler geduecht.

Fazit: Remix OS ass en interessant Betribssystem, wat een an den Aen soll behalen. Android um Desktop PC kéint wei Linux och, d’Zukunft vun den Desktop Computeren extrem veränneren.

Download: http://www.jide.com/en/remixos-for-pc#downloadNow (D’ISO ass ongefeier 2,3 GB grouss)
Dir kennt d’ISO op eng DVD brennen oder op engem USB-Stick bootfäheg maachen.

 

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Opriff 430

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(