Schoul an Norwegen féiert d’Fach eSports an – Nerdcake

D’Schoul ass langweileg an ëmmer dreschen? An Norwegen huet elo eng ëffentlech Schoul annoncéiert, dass si ab dem kommend Schouljoer am August 2016, offiziell d’Fach eSports mat an den Stonneplang ophëllt.

Ënnert dem Numm Garnes Vidaregåande Skule ass d’Schoul bekannt, bidd elo d’Fach un. Den Contenu vum Cours gouf duerch eng adequat Ëmfro op der eegener Facebook-Säit gemeet. Di mëschten Stemmen an der Ëmfro krut ënnert anerem d’Spill League Of Legends an Counter-Strike: Global Offensive, déi an der Community souwisou scho richteg beléift sënn. Mat dobäi waren och aner Spiller wéi Dota 2, Smite and Call Of Duty, mais des konnten net esou gutt ofschneiden wéi League Of Legends an Counter-Strike: Global Offensive.

An engem Interview mat Dota Blast huet den Science Department Manager Peeter Grahl Johnstad gesot:

“Et hëlleft zu engem groussen Undeel d’Weiderbildung op Eegeninitiative ze baséieren, wann et em een Progrès am Spill geet. An den Raum fir ze spillen steet Daach an Nuecht zur Verfügung. Tastatur, Maus a Headsets sinn perséinlech a ginn vun den Studenten selwer kaaft a gehalen. Et zielt Allgemeng zum perséinlechen Inventaire vun Schüler an soll sengem eegenen Stil entspriechen.”

Wann een bedenkt, dass eSports grad déck um kommen sënn, villäicht kennt sou eng Form vun Schoul och demnächst an aner Länner. Mer sinn gespaant, wat d’Zukunft eis zu dem Thema bréngt.

 

 

Biller / Source: Garnes Vidaregåande Skule

 

Verëffentlecht vum Pete
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 502