Sony verlängert PS+ Abonnementer wéinst Steierungen em een Daach – Nerdcake

De japaneschen Konsolenhiersteller “Sony” huet eng E-Mail un all Playstation+ Benotzer eraus ginn wou dran steet dass äert PS+ Abonnement nach een Daach méi laang leeft. Grond fir des Aktioun vun Sony ass dass an leschter Zäit d online Serveren vun der Playstation iwwerlaascht waren oder komplett ausgefall sinn. Virun allem em d Chrëschtdeeg war dëst de Fall.

Well vill Benotzer sech beschwéiert hunn ass et nëmmen verständlech dass Sony dësen Schrëtt geet.

 

 

 

 

 

En Auszuch aus der E-Mail

Hallo! Aufgrund der Unterbrechungen im Playstation Network verlängern wir deine PlaystationPlus-Mitgliedschaft um einen Tag. Löst dazu bitte den folgenden Code bis 31. März 2016 ein. Vielen Dank für deine Geduld während der Unterbrechung des Service.

 

Bei dëser E-Mail fannt dir en Code dobäi den dir aléisen kennt an esou een Daach méi laang d Features vun PS+ benotzen kennt. Aléisen kennt dir dësen Code dann bis dënn 31. März 2016. Vergiesst dat net befir den Code net méi gülteg ass!

Mir wënschen vill Spaass beim zocken!

 

 

Biller: Sony / Source: Sony

Verëffentlecht vum Minfrax
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 423

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(