Star Wars Episod 8 kennt amplaz ufanks eréischt Enn 2017 – Nerdcake

2000px-Star_Wars_Logo.svgNom erfollegräichen Kinostart vun Disney matt hirem neien Star Wars Film kënnegt Disney un dass den nächsten Film vun der neier Trilogie (Episod 7, 8 & 9) eréischt Enn 2017 am Kino wäert ulafen. Méi präzis ass Disney och, si setzen an dënn USA dënn 15. Dezember un fir de Film an d Kinoen ze bréngen.

Eigentlech sollt Episod 7 schonn ufanks 2017 an de Kinoen ulafen, Mais Disney gëtt dem Regisseur “Rian Johnson” siwen Méint méi Zäit. Grond dofir sinn Chrëschtdeeg déi dem neien Star Wars Film (Episod 7) nach eng kéier vill Kinobesich méi agespillt huet. Nächsten Mount sollen Dréiaarbechten fir dënn neien Film ufänken.

Fir Fans ass dat sécher net déi beschten Nouvelle, Mais oft bréngt méi Zäit och einfach méi Qualitéit mat sech. Detailer oder weider Infoen zu der Handlung vum Film ginn et nach net.

Mir wënschen Disney dass d Episod 8 genausou gutt, wann net souguer besser leeft wei d Episod 7.

 

Source: Disney / Biller: Disney (Lucasfilm) / Wikipedia (CC-BY-SA3)

Verëffentlecht vum Minfrax
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 533

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(