[StarCraft II] Den VortiX ass rëm do! – Nerdcake

Den spuenesche Ausnahmspiller Juan “VortiX” Morena Duran hat jo virun kuerzer Zäit een Ausfluch an Blizzard säin hauseegenen MOBA “Heroes Of Storm” gemeet – mais do huet et hien awer net laangen gehalen. Hee huet an StarCraft II knapp een Joer mat sengem Brudder, deen besser bekannt ass als Pedro “LucifroN” Moreno Duran bei Team Liquid gespillt an hat sech dunn zréckgezunn fir “Heroes Of The Storm” unzefänken. Während dem “VortiX” säin Brudder sou lues op den Schluss vun senger Karriär virbereed, sou ass hien selwer déck motivéiert fir rëm richteg durchzestarten.

Am Virfeld ass jo scho fir Opreegung gesuergt ginn:

T’ass natierlech och normal, dass hien weider mécht als Zergspiller, dat war fir hien guer keng Fro, mais awer dierfen sech d’Fans rëm iwwert hien frëen.

Laut eegenen Aussoe vum Spuenier, soll hien bal rëm um Niveau ukomm sënn, deen hien zu sengen beschten Zäiten an “Heart of the Swarm” hat. Virun deems hien StarCraft II den Réck gedréint hat, huet hien als een vun deenen beschten aus Europa gehéiert an war quasi een “Underdog” vun der ganzer StarCraft II-Szene.

Héi nach een Auszuch vun sengem Statement:

Dermadder kann och Team Liquid sech rëm iwwert een Top-Spiller aus der europäeschen Szene freeën an muss sech elo  net méi um internationalen Plang eppes schenken loossen.

Mir wënschen him  vill Erfolleg an dass hien äis laang erhalen bleift.

Source: Official Statement from VortiX

Verëffentlecht vum Pete
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 484

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(