Tom Clancy’s The Division Closed Beta start dësen Mount – Nerdcake

Ubisoft huet ugekënnegt, dass The Division closed beta em den 28ten Januar op Xbox One an den 29ten Januar dann och endlech op PS4 a PC. D’Spill wäert allerdéngs nëmmen bis den 31ten Januar op allen Plattformen lafen.

Wéi kritt een dann elo Accès fir d’Beta? Ganz einfach et muss een d’Spill sust virbestellen. Et gëtt och nach d’Optioun fir sech op der Offizieller Websäit unzemellen, mais nëmmen e puer kréien d’Chance, do un een Accès ze kommen. An der Zwëschenzäit huet Ubisoft nach näischt zur Unzuel vun Content Präis ginn, deen an der Beta ze fannen ass.

Tom Clancy’s The Division wäert den 8ten März an d’Butteker kommen bis dohinner sënn mer gespaant wat an der Beta passéirt.

 

 

Biller / Source: Ubisoft

Verëffentlecht vum Pete
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 467

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(