Trailer vun Tiger and Tragon 2 – Nerdcake

16 Joer nom “Tiger and Dragon” vum Ang Lee, kennt elo d’Fortsetzung mam Numm “Crouching Tiger, Hidden Dragon: Sword Of Destiny” op Netflix. Mat dobäi sinn des Kéier d’Michelle Yeoh (Dark Stone: Reign of Assassins), den Donnie Yen (Ip Man) an den Jason Scott Lee (Dschungelbuch & Dragon: Die Bruce Lee Story).

D’Yu Shu Lien (Michelle Yeoh) huet der Kampfkonscht den Réck gedréit, mee wei dat gréngt Schwäert aus der Ënnerwelt an falsch Hänn geréit, gräift hat rëm zu senger Waff, well den finsteren Hades Dei (Jason Scott Lee) kinnt mat dem Schwäert groussen Chaos ausriichten. Mee wei dem Yu Shu Liens säin doudgegleewten Verlobten Silent Wolf (Donnie Yen) op der Bildfläch erschéngt, komplizéieren sech d’Gefiller vu der Kampfkonschtmeeschterin an déi ganz Missioun drot ze scheiteren…

„Crouching Tiger, Hidden Dragon: Sword Of Destiny” ass vum Woo-Ping Yuen inszenéiert ginn, deen als Martial-Arts-Choreograph an der „Matrix”-Trilogie fungéiert huet. „Tiger & Dragon II“ wäert ab den 26. Februar 2016 op Netflix zu Verfügung stoen.

Hei kennt dir dann den Trailer vun „Crouching Tiger, Hidden Dragon: Sword Of Destiny” kucken:

(Bild: wikimedia.org / Source: netflix)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd Nerdcake
Opriff 650

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(