Twitter well Werbung fir ganz fläisseg User desaktivéieren – Nerdcake

Vill Léit fannen, dass se am Internet ze vill vun Werbung belästegt ginn, wat een gréisstendeels verstoen kann. Sou ginn et Léit déi verschidden Internetsäiten vermeiden oder komplett boykottéieren wann se ze vill Werbung virfannen. Twitter, wei vill Plattformen, finanzéiert sech awer zum gréissten Deel iwwert Werbung. Wat jo och net falsch ass. Jiddefalls hunn déi Verantwortlech vun Twitter sech Gedanken gemaach, wei een déi “wichteg” User (Stamm-User) kann beibehaalen.

Dobäi rauskoum ass en System, wou “Stamm-User” wéineg bis guer keng Werbung méi ugewisen kennen kréien. Twitter huet elo en Algorithmus entwéckelt deen Stamm-User, also User déi ënnert anerem vill twitteren, belounen soll andeems een deenen vill manner bis guer keng Werbung méi uweist. Dat soll gläich e puer positiv Effekter hunn. Engersäits kann een domadder déi wichteg Stamm-User bäibehalen an anerersäits motivéiert een déi manner aktiv User méi ze twitteren, wann déi eben och manner Werbung wëllen gesinn. Wat am Fong en fairen Kompromëss ass, wann een bedenkt dass aner Plattformen einfach géint Geld en zousätzlechen “VIP-Status” anfeieren, deen dann zwar keng Werbung weist, awer verhältnisméisseg en bëssen eppes kascht.

Zum Algorithmus kann een nach soen, dass deen net nëmmen d’Unzuel vun den Tweets, mee och d’Unzuel vun den Followers (Promistatus), d’Reeschwät vun den Tweets souwéi d’Unzuel vun den Relatiounen déi d’User agaangen sinn, berücksichteg.

Op dësen System sech duerchsetzen wäert oder op een, sou een wei uewen genannten, VIP-Status aféieren wäert bleift also nach net gewosst.

(Bild: klankosova.tv / Source: gulli.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 394

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(