Ubisoft bestätegt Watch_Dogs 2 – Nerdcake

Ubisoft huet ugekënnegt, dass et eng Fortsetzung vun Watch Dogs wäert ginn an déi wäert viraussiichtlech Enn 2017 erauskommen.

Dass Watch Dogs en gutt Spill war, kann een sou bestätegen. Et war awer net sou gutt wei een dat laang virdrun ugekënnegt hat. Dat soll sech laut Ubisoft elo awer änneren. Et géif een un engem “very hight quality line-up” schaffen. Gläichzäiteg huet een awer och bestätegt, dass een den Moment net un engem neien Assasins Creed géif schaffen. Dat huet vläit un deenen net sou gudden Verkafszuelen vun Assasins Creed: Syndicate ze dinn.

Méi Informatiounen iwwert d’Fortsetzung ginn et den Moment nach net. En offiziellen Verkafsdatum fir Watch_Dogs 2 ass och nach net bekannt. Et hätt een nach genuch Aarbecht virun sech an genuch Feeler ze korrigéieren. Et kann een sech also op eng spannend Fortsetzung freeën!

(Bild: wccftech.com / Source: giga.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien GameNerd Nerdcake
Opriff 333

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(