Virféierung vum lëtzebuerger Film – “Baby(a)lone” – Nerdcake

Den Donneschden, 4. Februar 2016 fënnt um 19 Auer zu Waasserbëlleg am Centre culturel eng Virféierung vun der Lëtzebuerger Produktioun “Baby(a)lone” statt.

Den Film baséiert op dem Tullio Forgiarini sengem Roman “Amok” an et handelt sech em Jugendlecher déi extrem vill Erfahrung mat Gewalt, Drogen an Sexualitéit hunn an och ze séier (wëllen) erwuessen ginn. Ënnert hinnen sinn zwee Jugendlecher, déi zesummen kommen, well et fir si méi einfach ass an dëser Welt virun ze kommen an well een sech och net esou eleng fillt. Am Laf vum Film wäerten se probéieren gemeinsam eppes ze areechen, virun allen Punkto Léift, wou se sech bëssen vernoléissegt fillen. Et ass eng Aart Flucht virun der Wierklechkeet awer och eng extrem brutal Flucht déi hier jugendlech Erliefnisser markant wäerten prägen, sou wei se et nach ni virdrun erlieft hunn…

En ganz interessanten Film, deen et sech lount ze kucken. En ass ab 13 Joer, an en eegent sech fir déi ganz Famill. Virun allem well verschidden Tabuen thematiséiert ginn…

Op der Websäit http://www.baby-a-lone.lu fënnt een nach Informatiounen, fir déi, déi nach Informatiounen iwwert d’Realisatioun, d’Schauspiller etc. brauchen

Wien den 4. Februar keng Zäit sollt hunn, deen kann sech jo den DVD an den gängegen lëtzebuerger Geschäfter kafen goen oder online bei Tarantula oder bei Paul Thiltges Distribution zouleeën. Präis: 19,90 €

Hei dann nach déi offiziell Affiche fir den 4. Februar am Centre Culturel:

(Bild: msm.lu / Source: http://www.msm.lu)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien MovieNerd TechNerd
Opriff 329

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(