Wat d’Build-Konferenz iwwer Microsoft ausseet – Nerdcake

Dëse Mëttwoch war et erëm souwäit: Microsoft huet zu hirer alljährlecher Entwécklerkonferenz „Build“ agelueden. Während den éischten Dag mediewierksam mat enger Keynote ageleet gouf, an dat och dacks dat eenzegt ass, wat fir d’Ëffentlechkeet aus den Halen vum Moscone Center zu Los Angeles erausdréngt, hunn e puer glécklech Entwéckler nach bis e Freideg d’Méiglechkeet, sech a Sessions zesummenzefannen an sech am Detail unzekucken, wat de kaliforneschen Technologiekonzern ze bidden huet. Während Apple mat hirer Entwécklerkonferenz WWDC am Summer meeschtens och nach Hardware-Updates presentéiert, konzentréiert sech Microsoft mat hirer „Build“ komplett op Software an d’Coden vun där selwechter.

Dat mierkt een net nëmmen dodrun, dat „on stage“ programméiert gëtt, wat den Ottonormalverbraucher am éischte Moment ofschrécke géif, mee och um Publikum, déi sech fréi moies am Moscone Center zesummefonnt hunn: Niewent renoméierte Vertrieder vun der Press souzen do virun allem Dammen an Hären iwwer 30; e kloere Kontrast zu Apple, déi sech ëmmer nees beméien, virun allem ganz jonk Entwéckler anzelueden. Gären gëtt dann och mol den 12-Järegen App-Entwéckler direkt ugeschwat. Näischt awer dovunner bei Microsoft. Och huet een d’Press direkt virun d’Bühn platzéiert an d’Entwéckler komplett ongënschteg op d’Säiten, déi elo nëmmen nach schwéier op d’Bühn gesinn. Hei gëtt kloer: Dës Konferenz ass an éischter Rei fir d’Press, fir d’PR, an dono kommen d’Leit.

Och ënnert hirem neie Leader, dem Satya Nadella, wierkt d’Build-Konferenz nach ëmmer e bëssen ugestëpst. Obschonns ee sech beméit huet, wéi et hautdesdaags üblech ass, Keynote adresses ofzehalen, alles e bësse méi „hip“ ze gestalten (do kënnt da gäre mol de Software-Designer mat Hipster-Look inklusive Fedora op d’Bühn), ass d’Konzentratioun op Business-Uwender wéi och d’Abstraktioun vun de Servicer déi d’Firma ubitt, iwwerdäitlech, a schéngt vu Joer zu Joer eng méi grouss Stellung innerhalb vu Microsoft anzehuelen.

Säit de Satya Nadella d’Spëtzt vum Tech-Konzern iwwerholl huet, huet sech vill verännert. De grousse Retard, deen duerch déi feelenden Innovatiounswëllen vu sengem Virgänger Steve Ballmer entstanen ass, konnt duerch hien zum gréissten Deel nees opgeholl ginn. Dëst leider och duerch massiv Entloossungen, virun allem an der Handy-Sparte, déi Microsoft zu Ballmer-Zäite vun Nokia iwwerholl hat. Zu den éischten Amtshandlunge vum Satya Nadella huet awer och d’Ëmännere vun der Firmephilosophie gehéiert: Dëse Kredo ass schonn bei senger éischter Keynote däitlech ginn: „Mobile first, cloud first“.

Kuckt een sech d’Build-Konferenz dëst Joer un, schéngt ee sech allerdéngs vun der „mobile first“-Idee e bëssen distanzéiert ze hunn. Sou gouf däitlech, dat Windows Mobile, jiddefalls dëst Joer, keng besonnesch grouss Prioritéit fir Microsoft wäert sinn. Mat „mobile-first“ géing een dogéint éischter d’Iwwerdrobarkeet vum Benotzererliewnis iwwert verschidde Gerätegruppe verstoen. D’Cloud wier dobäi och manner als eng Ulaafstell, mee éischter als eng komplett nei Plattform ze verstoen, déi d’Notzung vu Computeren an där Aart a Weis iwwerhaapt réischt méiglech mécht. Hei kann ee Parallelen zu anere Firmen, wéi beispillsweis IBM erkennen: Zwar spillt IBM och haut nach eng Roll, allerdéngs manner am Beräich vun den „user electronics“, mee ass nach am ehesten am Geschäftszweig „IT business solutions“ an an der Fuerschung, beispillsweis u kënschtlecher Intelligenz erëmzefannen. Och Microsoft huet op der „Build“ vun kënschtlecher Intelligenz geschwat, wou et ëm d’Interaktioun Mënsch-Maschinn gaangen ass: D’Sproochassistentin Cortana soll méi an de Virdergrond geréckelt ginn an dowéinst misst ee Computer mat richteger Intelligenz ausrüsten, dat de Computer „eise Kontext verstoe kann“. Natierlech een duerchaus wichtegt a fir vill Leit faszinéierend Feld, an trotzdem entfriemt sech Microsoft, wa si dann dëse Wee ginn, ëmmer méi vun hiren eegenen Notzer, fir déi d’Mark Microsoft ëmmer méi abstrakt gëtt.

Sou ass Microsoft kloer ginn, dat se mat hirem Betribssystem net wierklech Suen méi maache kënnen, an trotzdem wëll een dëse Beräich net ofstierwe loossen, ass en dach sou enk mat der Geschicht vun der Entreprise verbonnen, jo war et dach jorelaang déi eenzeg Source vu Revenu déi Microsoft hat. De Satya Nadella koum. Windows 10 koum. Dat „lescht Betriebssystem“ vu Microsoft, wéi et geheescht huet. Windows fir ëmmer an éiweg an dat gratis, jiddefalls fir deen, deen am éischte Joer upgraded.

Dat Joer ass gläich riwwer a Microsoft huet hieren Actionnairen misste kloer maachen, dat Windows 10, den „next big thing“ ass. Fir schéin Zuele presentéieren ze kënnen huet een dann all Windows 7 an 8-Benotzer mol séier onbemierkt eng Kopie vu Windows 10 op d’Festplatt geschmuggelt. Update-Zwang bei Windows: Nei Prozessor-Generationen vun Intel lafen elo nëmmen nach mat Windows 10. A mat de Benotzerdonnéen déi een duerch déi ëmfangräich „spy-features“ sammele kann, léisst sech villäicht gutt Suen maachen a wann net, dann kann ee seng Klientel op alle Fall gutt „aschätzen“ oder „d’Benotzererliewnis verbesseren“. Sou geet et natierlech och, an dowéinst konnt de Satya Nadella och haut op der „Build“ erzielen, dat Microsoft mat Windows 10 „off to a great start” wier. Et wier déi Versioun vu Windows, déi am séierste géif wuessen. Ween hätt dat geduecht?

Foto: Rodrigo Ghedin (Flickr, CC-BY)

Verëffentlecht vum Jeff Croisé
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 600

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(