Whatsapp an Zukunft net méi fir Blackberry & Nokia verfügbar! – Nerdcake

Whatsapp huet ugekënnegt, sech just nach op déi 3 gréissten mobil Plattformen Android, iOS an Windows ze konzentréieren. Domadder wéilt een op deenen Plattformen d’Features an d’Secherheet ausbauen.

Wann een bedenkt, dass Windows an Blackberry virun 7 Joer iwwert 70 % vum mobilen Marché gedeckt haten, fält et engem haut schwéier ze gleewen dass déi Plattformen kaum nach gefrot sinn. Dat bréngt mat sech, dass Whatsapp d’Entwécklung an den Support fir déi Plattformen astellt. Dovun betraff sinn ënnert anerem Blackberry (inklusiv Blackberry 10, Nokia S40, Nokia Symbian S60, Android 2.1 an Android 2.2 souwei den Windows Phone 7.1.

Whatsapp betount, dass déi Entscheedung net liicht gefall ass, mee dat et kaum nach rentabel war an och keen Sënn méi mëscht, déi Plattformen weiderhin ze fleegen an ze heegen… Betraffenen User reit een un, bis Enn 2016 op aktuell Geräter em ze klammen.

(Bild: Whatsapp / Source: golem.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 499

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(