Whatsapp elo komplett an vir ëmmer gratis! – Nerdcake

Déi meescht Léit woussten mol guer net dass Whatsapp en Zäitlimite hat. Am Fong war et just eng Fro vun der Zäit bis dass d’Entwéckler d’App komplett op illimiteiert géifen setzen, well inoffiziell war d’App am Fong jo och schonn illimitéiert. Wann een d’Limite iwwerschratt hat, dann ass déi Limite automatesch em een Joer verlängert ginn.

Den Prozess, Whatsapp op sämtlechen Accounts op illimitéiert ze sätzen, wäert sech awer bëssen an d’Längt zeien. Soubal den Account illimitéiert ass, misst een och eng Benorichtegung kritt hunn. Wann een net méi weess op een déi kritt huet, kann een bei den Astellungen ënnert dem Punkt – “Bezuelungsinformatiounen” nokucken. Do misst dann eppes stoen wei “Leeft of: liewenslaang”. Bei deenen wou nach net “lieweslaang” steet, mussen sech nach bëssen gedëllegen. WhatsApp versprécht awer dass an puer Wochen all d’Accounts ëmgestallt sinn. Déi Léit, déi fir hiren Account bezuelt hunn, kréien awer leider hiert Geld net rëm… bei hinnen steet dann nach d’Dauer vun hirem Abo soulaang bis den Abo ausleeft. Duerno gëtt d’Dauer dann och op “lieweslaang” gesat.

Wei wäert sech Whatsapp dann elo finanzéieren nodeems d’Aboen elo gratis sinn?
Suen déi iwwert d’Abos rakomm sinn falen elo wech an et wäert och weiderhin keng Werbung op Whatsapp virkommen. Anstatt gëtt well een Entreprisen et erméiglechen direkt mat Whatsapp-Benotzer an Kontakt ze trieden, awer och nëmmen wann d’Benotzer dat explizit erlaabt hunn. Dat Prinzip dierft schonn vun “WhatsBroadcast” bekannt sinn. Virun allem Onlineredaktiounen, Zeitungen, Televisiouns- an Radiosender wäerten do a Fro kommen.

(Bild: whatsapp.com / Source: chip.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 369

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(