Windows 10 iwwerhëlt Windows XP am OS-Ranking! – Nerdcake

Fir d’éischt ass et dem dem Betribssystem Windows 10 gelongen Windows XP am Ranking vun den meescht benotzten Betribssystemer ze iwwerhuelen. Domadder kennt Windows 7 op déi zweeten Plaatz hannert Windows 7. Anescht gesait et awer op den mobilen Geräter aus…

Desktop-PC/Notebooks:
Windows 10 gëtt en halleft Joer no sengem Start vun 11,42 % vun den Desktop-User benotzt an iwwerhëlt domadder Windows XP, wat awer nach ëmmer vun 11,42 % benotzt gëtt. Et ass awer eng Fro vun der Interpretatioun op Windows 10 elo effektiv op der 2. Plaatz ass, well Windows 8 (2,40 %) an Windows 8.1 (10,44) kommen zesummen op 13 %. Reng theoretesch handelt sech em een an dat selwecht System. Dofir kéint een soen dass Windows 8/8.1 op der zweeter Plaatz léien an dann reicht Windows 10 op der drëtter Plaatz leit. E bëssen enttäuschend ass d’Resultat vun Mac OS: Alleguer d’Derivater vun Mac OS X kommen zesummen op . 8,1 Prozent. Linux enttäuscht och mat 1,71 Prozent Maartundeel, rutscht Linux dann elo weider rof an d’Kategorie “Other”.

Mobil Geräter (Smartphones & Tablets):
Ganz anescht gesäit et awer um Maart vun den mobilen Geräter aus. Hei dominéiert Android (Linux) mat 58,75 % Maartundeel. Och do gëtt et awer eng Virléift fir déi méi al Versioun Android 4.4 (18,82 %). Duerno kennt Android 5 (9,62 %) an Android 5.1 (8,96 %). Op der 2. Plaatz fënnt een iOS (Apple) mat 32,93 % an dann kennt reicht Windows mat 2,86 %. Windows gëtt um mobilen Maart als “ausgestuerwen” ugesinn.

(Bild: phonearena.com / Source: pcwelt.de)

Verëffentlecht vum Xenio
Verëffentlecht
Kategorien Nerdcake TechNerd
Opriff 392

Kommentaren

Hannerlooss en Kommentar

Nach keng Kommentaren :(